Meet and Greet den 10.10.2023


calendar_today30.September.2023

Meet and Greet den 10/10/2023
Bass Du un engem aussergewéinlechen Hobby an denger
Fräizäit interesséiert ?
Da gëff fräiwëllege Pompjee am Réiserbann fir esou denge Matbierger an engem Noutfall ze hëllefen.
Eis Ekippe vum Incendie/Sauvetage a First Responder si bei Accident, Bränn, Naturkatastrophe, Verletzungen a Krankheete gefrot.
Natierlech bitt dëst Engagement och eng Rei flott Fräizäitaktivitéiten am Veräin ewéi dat traditionellt Buergbrennen, eist Grillfest, d’Réiser Päerdsdeeg, interessant Ausflich an nach villes méi.
De CIS Réiserbann sicht engagéiert Fraen a Männer fir déi aktiv Ekippen ze verstäerken.