Jugendzeltlager in Wäisswampech


calendar_today13.Dezember.2016

Déi lescht Woch hunn mer mat 13 Jugendpompjeeën an 7 Moniteuren/Hellfer um nationalen Jugendcamp zu Wäisswampech deelgeholl.

Insgesamt hunn 250 Jugendpompjeeën aus Lëtzebuerg an och Däitschland deelgeholl.
Um Programm stoungen en ganzen Koup Spiller, Aktivitéiten an Ausflich. D’Kanner waren z.Bsp op Recht (B) an den Schiefferstollen, d’SEO visitéieren, an den Musée Rural op Binsfeld an ant Schwem op Housen. Ausserdeem gouf et een Nuetsrally, Spiller ondrem den Séi an mam Fierschter an och eng Campolympiade.

Nom Owesiessen war dunn all Owend Bodykicker ugesot mat enger klenger Disko en Donneschden.

Als Ofschloss en Freiden konnten d’Elteren dunn kucken kommen an et gouf eng grouss Waasserfontäne um Séi gemach. Och hei hunn mir mat eisem TLF 2.1 deelgeholl.

Et war eng ustrengend awer och super flott Woch fir jiddwereen..






» Fotoen